— <b>Argumenter déi beim Starte vun der Applicatioun vun der Befeelszeil benotzt kënne ginn</b>

<big>B</big>eim Starte mam <tt>-v</tt> oder <tt>--version</tt> Argument gëtt déi aktuell Versioun vu Kickshaw gewisen. D'Argumenter <tt>-h</tt> an <tt>--help</tt> déngen dozou eng Beschreiwung ze presentéiere wéi een op dëst Tipps-Fënster zougräife kann, gefollegt vun enger Lëscht vun den akzeptéierten Argumenter.
Kickshaw ka och mat engem Fichierswee op eng Menü als Argument gestart ginn. Als Niewewierkung mécht dëst et méiglech Menüfichiere mat Kickshaw opzemaachen andeems een d'Kontextmenü a Fichiersverwaltunge benotzt.

— <b>Fichieren déi vu Kickshaw erstallt ginn</b>

<b>Permanent</b>

Kickshaw erstellt säin eegenen Astellungsfichier mam Numm <tt>.kickshawrc</tt>, deen am Benotzer säin Heem-Verzeechnes läit.

<b>Temporaire</b>

Fir all Ännerung gëtt e Réckgängestapelfichier am <tt>/tmp/kickshaw.XXXXXX</tt> erstallt (d'X'e si Placeholdere fir zoufälleg Buschtawen an Zuelen). Wann de Programm onerwaart ofgebrach gëtt, bleift den Dossier bestoen, mee dëst sollt keng Suerg maachen well en nëmme kleng Fichieren enthält an normalerweis spéitstens beim nächsten Neistart automatesch geläscht gëtt.

Kickshaw erstellt och en automatesche Sécherungsfichier am Heem-Dossier mam Numm <tt>.kickshaw_autosave</tt>. Dëse gëtt no all Ännerung erneiert a geläscht wann de Programm zougemaach gëtt. Sollt Kickshaw onregelméisseg gestoppt gi sinn, gëtt de Benotzer beim nächste Start vum Programm gefrot ob d'Menü aus der automatescher Sécherung restauréiert oder déi automatesch Sécherung geläscht soll ginn.
